A+
A
A-

Crèche Babasi – D’Kanner kreéieren hiere Menu

27-02-2026

Mir hunn eis mat de Kanner zesummegesat, fir hinne selwer d’Méiglechkeet ze gi fir ze entscheede wat et ze iesse gëtt. Sie konnten aus villen verschiddenen Saache wielen an sou hir eege lecker Menue zesummestellen.

Dono ware mir du mat de Kanner an de Restaurant, vun dem mir d’Iesse kréien, an hunn hinnen déi verschidde Menue präsentéiert. Lo gëtt et all Dënschdeg e komplette Menu den d’Kanner selwer rausgesicht hunn.

Dëst ass deel vun der Participatioun, déi fir d’Crèche ganz wichteg ass. Dofir haten mir d’Iddi dat d’Kanner sollen un der Kreatioun vum Menu deel huelen. Sou fillen d’Kanner sech eescht geholl an entwéckelen e Bewosstsinn fir eng gesond Ernärung a léieren néi Liewensmëttel kennen.