A+
A
A-

Crèche Babasi – Déngscht-Tafel an der Crèche

16-03-2026

An eiser Crèche am Grupp Feu hu mir elo eng Déngscht-Tafel erstallt. Do kënnen d’Kanner sech fir kleng Aufgaben am Alldag androen, wéi zum Beispill : Responsabele vun de Still, Responsabele vun de Planzen etc. D’Aufgabe ginn zesumme mat de Kanner beschwat a sënn fir jiddereen op der Tafel ze gesinn. Sie kennen sech dann mat hirer Foto do androe wou si wëllen, an no enger Woch gëtt da rëm nei gewielt.

Duerch dës Tafel ginn d’Kanner aktiv an den Alldag agebonnen. Si däerfe selwer auswielen, wéi eng Aufgab si iwwerhuele wëllen, dëst gehéiert zum partizipative Prozess, de fir d’Kanner an der Crèche ganz wichteg ass.

Gläichzäiteg léieren d’Kanner Verantwortung ze iwwerhuelen a si mierken, datt hir Hëllef wichteg ass. Dat stäerkt hiert Selbstvertrauen, hir Selbststännegkeet an d’Gefill, e wichtege Bestanddeel vun der Grupp ze sinn. Och sozial Kompetenze ginn doduerch gefërdert, wei beispillsweis am Grupp zesummenzeschaffen.