A+
A
A-

Crèche Babasi – Dag vum Pyjama

16-03-2026

Freides den 13. März hate mir den internationalen Dag vum Pyjama an der Crèche.  D’Kanner souwéi d’Personal hunn hire schéinste Pyjama ugedo an e gemittlechen Dag an der Crèche verbruecht. Zesummen hu mir un déi Kanner geduecht, déi krank sënn, an doduerch leider keng Institutioun besiche kennen. De Pyjama-Dag verbënnt Freed mat Solidaritéit a hëlleft de Kanner, Matgefill a Gemeinschaft ze erliewen.