A+
A
A-

Maison relais Krounebierg – Besuch am Eifelpark

05-08-2022

Den 5. August 2022 sinn d´Kanner vum Krounebierg an den Eifelpark op Gondorf gefuer. Moies virun eisem Départ huet de Kach nach de Picnic fir jidereen préparéiert, wourop sech d´Kanner richteg gefreet hunn.

Bei dem wonnerschéine Wierder haaten d´Kanner an d´Éducateuren vill Spaass op den villfältegen Attraktiounen, Achterbunnen, Gondelen Schëffer an Waasserbunnen, déi vum Park ugebuede goufen. De Park huet och ee flotten Moment mat den wëllen Déieren erméiglecht.