A+
A
A-

Escher Kannervilla – Ausflug zu Amnéville am Zoo

26-07-2024

En Besuch am Zoo zu Amnéville soll den Kanner weisen wei eng Deiren et nach gin ausserhalb vun den geweinlechen Hausdeiren dei sie schon kennen.

Bei desem Dagesausflug kennen d’Kanner d’Deiren beobachten , wéi grouss se sin, wéi se sech bewegen, wéi se sech ernären… Sie sollen leiren dat mer d’Deiren respektéiren an respektvoll mat hinnen emginn.

Och wann d´Wieder leider net ganz matgespillt huet, well mer dach awer vill Reen haten, war dëst trotzdem en ganz flotten Dag am Zoo.

D’Kanner waren wirklech begeeschtert fir d’Deiren ze gesinn, sie hun gefrot wei een Deier dat ass an sie wollten Geraischer dei sie maachen alleguer no machen. Sie hun definitiv eppes iwert d’Deiren konnten gesinn an leiren.

Sie sin richteg faszinéiert an opgebléit, sie hun souvill Geschwaat, an sinn vun engem Gehege bei daat Anert gelaaf.

D’Kanner hu gutt verstan, dass een net widdert d’Scheif schleit wou d’Deiren hannendru sinn, an dass een lues maache soll, wann een d’Geessen heemelt.

Duerch de ville Reen, konnte mer leider nët de ganzen Zoo besichen.

Dësen Ausflug  war fir d’Kanner en Erliewniss an och d´Elteren waren begeeschtert, dass mer déi Aktivitéit proposéiert hun.