Eis Marche Gourmande war och dest Joer e volle Succès an eng schéi Geleeënheet, fir d’Zesummenaarbecht tëscht eiser Crèche, de Familljen an de Veräiner aus der Gemeng ze stäerken.
Op de verschiddene Statioune konnten d’Visiteuren eng Rei lecker Spezialitéite genéissen, déi mat vill Engagement vun der Bauschelter Stuff preparéiert goufen. Bei all Stand war och ee Veräin aus der Gemeng vertrueden, deen seng Aktivitéiten a seng Aarbecht virgestallt huet. Esou si vill flott Gespréicher an nei Bekanntschaften entstanen.
Erëm an der Crèche ukomm, konnten d’Visiteuren eng kleng Ausstellung besichen, déi en Abléck an eis Projeten an déi vill flott Aktivitéite vum vergaangene Joer ginn huet.
Zum Ofschloss hu mir de Dag bei engem gemittleche Beienee mat Gegrilltem an anere Leckereien ausklénge gelooss.
E grousse Merci geet un all d’Elteren, d’Veräiner, eis Helferinnen an Helfer an un all d’Visiteuren, déi dësen Dag matgestalt hunn. Dës flott Manifestatioun huet gewisen, wéi wichteg d’Zesummenaarbecht tëscht der Crèche, de Veräiner an den Awunner aus der Gemeng ass a wéi si eist Zesummeliewe beräichert.