A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Excursion à Cologne

08-09-2022

Mir hunn grouss Vakanz genotzt fir en Ausfluch op Köln ze maachen. Nieft dem Erkunden vun der Staat, stoung Beweegung an den Sport am Mëttelpunkt. Den 1. Dag waren mir am Aqualand, wou Jonker konnten Wellnesswelt, Schwämm an och 6 ënnerschiddlech Rutschen ausprobéieren. Den 2. Dag hunn mir dem Jumphouse zu Köln een Besuch erstatt. 3800m2 mat Trampolin, Ninja-Warrior Parkour, Basketball an villes méi. Jiddereen ass op seng Käschten komm.