Den Elterenrestaurant ass och dest Joer nees vun Maison relais Krounebierg zu Miersch organiseiert ginn, nodeems déi 1. Editioun d‘lescht Joer sou ee grousse Succès hat. Wéi schon d’lescht Joer haten d‘Elteren och des Kéier nees de Choix zwëschent 2 Entréeën, 2 Haaptplaten an 2 Desserten.
D’Kanner hunn zesumme mam Chef-Kach Marco Rota, d’Plate fir hir Eltere preparéiert an d’Dëscher schéin agedeckt. Natierlech waren et och si, déi hir Elteren dee ganzen Owend zervéiert hunn. Och dest Joer hu mer nees eng Garde fir d’Geschwësterkanner ugebueden déi net bei eis an der Maison relais sinn, sou datt d’Elteren e puer Stonnen an enger relaxer a gemütlecher Atmosphère hiren 3 Gang-Menu genéisse konnten.
Am Cadre vun dëser Soirée hate mer och ee klenge Vernissage mat de Kanner hire Konschtwierker vun desem Schouljoer organiséiert.
Mir soen allen Elteren déi bei eis Iesse komm sinn Villmools merci a freeën eis scho lo op déi 3. Editioun d’nächst Joer.