A+
A
A-

Maison des jeunes Gasperich – Repas d’Amicale, en Iesse bei dem Convivialitéit ganz vir steet

29-03-2019

Wéi all Joer erëm huet d’Jugendhaus Gaasperech den « Repas d’amicale » am Jugendhaus organiséiert.

Am Numm vun « Repas d’amicale », deen dëst Joer den 1ten Mäerz stattfonnt huet, konnt d’Jugendhaus 26 Jonker, Awunner an Commerçant aus dem Quartier zesummentrommelen, fir an enger heemlecher Ambiance zesummen iessen. Dobäi, hunn dëst Joer net nëmmen d’Läit aus dem Quartier zu enger flotter Stëmmung gesuergt, mee och déi Jonk konnten hier Talenter duerch kléng Piano-Sequenze an Gesang-Performancen ënner Beweis stellen. Bei guddem Iessen a vill Geläschter war et en Owend, bei dem schlussendlech Frëndschaft a Convivialitéit ganz fir stoungen.