A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Projet Vakanz

12-02-2020

Dëst Joer flitt Jugendhaus mat den Jonken an Portugal an Algarve. Fir eisen Jonken den Wäert vun Suen an Aarbecht an wat et heescht wann een en ganzen Dag schaffen geet fir sech dono eppes leeschten ze kennen, ze vermëttelen, hunn si den Projet Vakanz gestart. Sie hunn sech selwer Ideen iwwerluercht wéi si kennen hier Vakanz selwer finanzéieren. Selwergemaachen Kierperpeelings an och Trinkschokolade stoungen um Programme. Eis Jugendlecher kruten Méiglechkeet fir um lokale Maart zu Sandweiler an och am Cumulus um Ausverkaf deel ze huelen. Den Startschoss war gemaach an an 2 Deeg ass schonn e gutt Ufankskapital eran komm. Weider Saachen sinn geplangt, dofir sidd gespaant 😊