A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Adventscafé

07-12-2018

Den 7. Dezember 2018 huet fir déi éischte Kéier den Adventscafé am Jugendhaus statt fonnt. Bei engem waarmen Punch an selwergemachten Gebäck vun eisen Jugendlecher, konnten sech d’Léit aus der Gemenge en Bild vun der Aarbecht vum Jugendhaus maachen. Grouss an Kleng, Al an Jonk hunn en puer flott Stonnen mateneen verbruecht an hunn sech bei Kicker, Gesellschaftsspiller an anerem, konnten austauschen. Jugendlecher an och Membren vum Team waren ganz zefridden mat desëm Dag.