A+
A
A-

Maison des Jeunes Gare – Saint Nicolas

06-12-2019

E Freideg, de 6. Dezember huet d´Jugendhaus Gare fir Kleeserchersdag ee Stand vis a Vis vum Jugendhaus opgeriicht. Op deem Stand hu mir mat eise Jugendlecher selwer gebake Kichelcher, waarmen Äppeljus, Kaffi an Téi, de Leit gratis ugebueden.

De Kleeschen war och op der Plaz an huet de Leit aus dem Quartier eng super Freed gemaach.

Trotz dem Reen, si vill Leit eise Stand besiche komm, a mir konnten dorops hin och mat neie Jugendlecher a Kontakt kommen, déi eis an Zukunft wäerte besiche kommen.