A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Gaart

29-07-2020

Jugendhaus Sandweiler huet sech och dëst Joer erëm een Gaart zougeluecht. Eis Jonker hunn mat vill Freed Tomaten, Zalot an Kraider geplanzt. Des ginn dann Freides an eisen Kachaktivitéiten och verwäert. Ganz ënnert dem Motto vun “healthy lifestyle” an “be local”. Eng nohalteg, gesond an bewosst Ernierung läit eis um Häerzen an mir wëllen dëst eisen Jonker mat op den Wee ginn.