A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – do it yourself Masken

14-05-2020

An der haiteger Zäit ass eng Maske de neien Must Have. Amplaz vun deenen blo-wäissen Masken, déi eis protegéieren, kann een och an Zäiten vun Corona méi stylesch virun Dier goen. Online fënnt een ganz vill do it yourself (DIY) Masken. Eis Jonker waren och ganz kreativ an hunn Masken aus Strëmp gemaach. Jo, dir hutt richteg gelies, aus Strëmp. Déi huet jiddereen doheem, et kann een se wäschen an si mussen mol net gebitzt ginn.

Dir fannt den Link hei drënner. Mir wënschen Iech vill Spaass beim nobastelen 🙂

 

https://www.instagram.com/p/CAFffspFvwE/?fbclid=IwAR13xL49Y61EJTSeLthtiExzQ9Am2KCkTVomHDL5_S18l5gFGb7OMNclc_8