A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – DIY Hoodie + Mask

11-09-2020

Eis Jonker sinn ganz gären kreativ. All Woch kommen si mat neien Ideen, déi si dann probéieren ëmzesetzen. Mir verbannen eis Aktivitéiten ëmmer mat eisen Projeten déi mir lafen hunn. Sou hunn mir an der Vakanz mat eisen Jonken, T-shirt an Hoodies geupcycelt. Eis Jonker konnten hier eegen Kleeder matbréngen. Mir hunn bei den T-shirten eng Batik Technik ugewannt, wou Shirts kennen duerch Faarf an verschidden Kniedtechniken en néit Muster kréien. Der Kreativitéit war keng grenzen gesat. Déi T-shirts hunn mir dann geholl an dorausser Masken gemaach. Des sinn recycléiert Masken, well se aus alen T-shirten sinn, si kennen an der Wäschmaschinn gewäsch ginn an ëmmer rëm benotzt ginn.

Eis Jonker konnten och Hoodies matbréngen, bei deenen mir dann mat Javel eng aner Form vun Batik Technik ugewannt hunn. Den Javel entzitt dem Textil Faarf, an mat verschidden Kniedtechniken entstinn dann flott an ganz individuell Muster. All Jonken huet säin eegenen Hoodie gemaach.