A+
A
A-

Maison des jeunes Gasperich – Jeunes talents au Festival des Migrations

03-03-2019

Wéi och all déi Jore virdru war den « Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté » och 2019 en Hit. Tëscht vill internationale Stänn, kulturelle Renconteren an multikulturellem Iessen, war och d’Jugendhaus Gaasperech mat dobäi.

Ob der Bühn konnten um Festival vill Talenter aus de verschiddenste Kulturen hiert Kënne weisen. Och Katerina aus dem Jugendhaus Gaasperech huet zum Succès vum Festival bäigedroen. Katerina huet eng Gesangs- an Danzshow d’Bühn zum wackelen bruecht. Obwuel et fir hat eng grouss Erausfuerderung war, konnt hat seng Kompetenzen ënner Beweis stellen an hat dobäi mat sécherheet vill Spaass.