A+
A
A-

Maison des jeunes In Move – Brunch au Neiduerf

02-06-2019

Déi Jonk aus dem Jugendhaus Neiduerf hunn sech de leschte Sonndeg bei deem schéine Wieder getraff fir zesummen e Brunch ze deelen. Dobäi hunn si kënnen hier Iddie fir zukünfteg Aktivitéite matdeelen an driwwer ofstëmmen. Fir ofzeschléissen, si mir zesummen an de Kino e Film am 4D kucke gaangen. Do war et gutt frësch an et war eng stimuléierend an intressant Erfarung.