A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Bicher Box

19-05-2022

Jugendlecher aus dem Jugendhaus Sandweiler hunn eng Bicher Box gebaut. Dësen Projet fält ënnert, een fir eis immens wichtegen Projet vum, “Upcycling – Recycling”. Digitaliséierung hëlt eis ëmmer méi Saachen of. Mëttlerweil liest een Zeitung oder säin Buch um Tablett. Et gëtt villes paperless. Mee wouhinner mat den alen Bicher? Eisen Jugendlecher war et wichteg, den Bicher eng weider Verwäertung ze ginn. Memberen aus der Gemeng kënnen Méiglechkeet ze ginn, hier Bicher bei eis an der Bicherbox laascht ze bréngen an aneren Leit domadder eng Freed ze maachen. Néi Bicher kënnen och matgeholl oder ausgetosch ginn. Den Wee an den Pabéiercontainer soll dermadder erspuert ginn.

Mir soen der Gemeng Sandweiler an der Post Lëtzebuerg en groussen Merci fir Kabinn 🙂