A+
A
A-

BEE SECURE – Jugendhaus Sandweiler

20-10-2021

Preventiounsaarbecht ass een ganz wichtegen Pilier an der oppener Jugendaarbecht. Aus dësem Grond, war gëschter BEE SECURE am Jugendhaus Sandweiler op Besuch. Thema vun dësem Dag war “Sexting”. Beim “Sexting” handelt et sech hei em Thematik, wann Persounen plakeg Fotoen vun sech un anerer schécken. Dëst kann net esou schéin Nowierkungen fir déi betraffent Persoun mat sech bréngen. Den Jonker ass duerch 3 ënnerschiddlech Atelier’en dat sensibelt Thema méi no bruecht ginn. Si konnten Froen anonym unhand vun engem Spill beäntwerten, bei enger Online Ëmfro hier Meenung deelen an duerch een Film, déi emotional Säit vun der Thematik kenneléieren. Auswäertung vum Film huet an geschlechterhomogenen Gruppen statt fonnt an gouf dono presentéiert. Jonker konnten an engem sécheren Kader, hier Erliefnisser, Gedanken an Gefiller matdeelen. Et war en immens flotten an virun allem openen an éierlechen Austausch mat eisen Jonken.