A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Youtube Channel

23-01-2020

Am Kader vun eisem Projet „Stay Connected“ huet eis Stagiaire Diana Nikogosian mat den Jonker en Youtube Channel fir Jugendhaus Sandweiler erstallt. D’Idee fir den Projet ass am Gespréich mat den Jugendlecher entstanen. Déi jonk Generatioun ass ëmmer méi an Kontakt mat den sozialen Medien. Sie wuessen domadder op, et gehéiert zu hirem Alldag derbäi. Leider hunn des sozial Medien net nëmmen flott an positiv Säiten, mee vill Geforen sinn doranner verbiergen. Den Youtube Channel soll den Jugendlechen eng Plattform bidden, wou si léieren déi sozial Medien fir sech richteg an positiv ze notzen an fir si en Sproochrouer sinn fir hier Gedanken an hiert Erliewen kennen an engem secheren Kader no baussen ze droen.

Den Vidéo gouf vun den Jonken eleng gefilmt an zesummen geschnidden.

Dir fannt hei den Link vun eisem éischten Video. Kuck Iech en un an gitt eis en Daumen no uewen. 😊

https://www.youtube.com/watch?v=CLRcdMTiFRs