A+
A
A-

Ensemble Al Esch-Brill-Grenz – Soirée d’information aux habitants

21-11-2017

Endlech ass et esou wéit, de Gaardeprojet as lancéiert an d’Awunner aus de Quartier’en Al Esch a Brill freeën sech iwwer d’Ulafen vun hirem « Jardin communautaire » am Cockerills Park. Nodeems mir duerch eis « Porte-à-Porte-Aktioun”  erfollegräich un d‘Leit getrueden sinn, waren déi jeeweileg Intresséierten an enger éischter Informatiounsversammlung ze begréissen.

No enger klenger Begréissungsried vum 1.Schäffen aus der Gemeng Esch, den Här Martin Kox, huet den Ensemble Al Esch Brill Grenz, d‘Idée an Zieler vum Gemeinschaftsgaart virgestallt.Fir déi méi technesch Froen an d‘ Realisatioun vum Plang , war den Maître Paysagiste a Graphiker, Jemp Gillen, aus der Escher Gemeng, zoustänneg.

An enger éischter Phase wäert d’ Escher Gemeng, den Ensemle Al Esch Brill Grenz zesummen mat den Awunner, Uebstbeem planzen. Duerno sinn „Hochbeeter“ geplangt déi d‘ Awunner no Besoin mat diversem Geméis beplanzen kënnen.

Geplangt sinn och reegelméisseg Rencontr’en, fir zesummen mat eisem Service an den Awunner ze schaffen. Ausserdeem organiséieren mir mat engem externen Partner, en klengen Aarbechtsdag am Gaart, wéi, wou a wat ka geplanzt ginn.

E positiven Feedback krute mir vun den Awunner ,déi bis elo keen Moyen fir e Gaart haten, an déi motivéiert sinn ab Fréijoer 2018 mat eis awer och eleng am Gaart ze schaffen.