A+
A
A-

Ensemble Al Esch Brill Grenz – Nopeschfest

26-05-2017

IMG_20170526_192255[1]Am Kader vum Nopeschfest, dat den 26.Mee stattfonnt huet, huet eisen Service, Ensemble Al Esch Brill Grenz,  déi éischte kéier seng Noperen aus der Nothombstrooss invitéiert. Am Virfeld sinn mir bei d’Léit schelle gaang an hunn sie perséinlech invitéiert an motivéiert matzemaachen

Leschten Freiden den Owend, hunn mir Bänken an der Strooss opgeriicht an jiddereen huet eng Zalot oder en Dessert matbruecht.

Zesummen hunn mir gegrillt an eis beim Iessen gutt ënnerhalen. Et war en flotten gelongenen Owend mat villen néien Bekanntschaften an eiser Noperschaft.

Deemnächst wäerten mir e puer Noperen an eiser Kaffispaus resp eisem Kachprojet erëm gesinn. Den Nächsten “Cuisinons ensemble” fënnt iwwregens den 21.Juni 2017 ab 9.30 am Biergerhaus (150Bvd JF Kennedy) statt.

Dir kennt iech elo schonn umellen ënnert ensemblealeschbrillgrenz@inter-actions.lu oder per Telefon 621357733

 

IMG_20170526_192557[1] IMG_20170526_192620[1] IMG_20170526_200128[2] IMG_20170526_193310[2]

 

 

 

 

 

 

 

 

 

IMG_20170526_192301[1]

 

 

 

 

 

 

 

IMG_4422 IMG_20170526_195759[1] IMG_20170526_192309[1] IMG_4420