A+
A
A-

Maisons des jeunes Bonnevoie et Sandweiler – Halloween à Hollenfels

31-10-2018

D’Jugendhaiser Bouneweg a Sandweiler hunn Halloween zu Huelmes am Schlass an Ëmgéigend verbruet. Iwwer 20 Jugendlecher hunn deel geholl a 5 dovunner hunn all Aktivitéiten organiséiert. Erzéier hunn déi Grupp aktiv gefërdert a begleet, andeem si hinne Responsabilitéiten iwwerginn a Vertraue geschenkt hunn. Et goufen eng Nuetsrallye an aner grujeleg Ateliere preparéiert. No den Aktivitéite war genuch Zäit fir d’Erfarungen auszetauschen a Bezéiungen tëschent de Jonker ze verdéiwen. Ee flott Erliefnis fir all Participant!