A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Wann vill Talent sech bezuelt mécht

10-03-2020

Zanter puer Méint bitt d’Jugendhaus Gaasperech orientaleschen Danz als Cours un. No enger Zäit konnt sech do en Grupp vun Meedercher zesummen fannen : „Amélie‘s Dance Company“ ass entstanen. Nodeems déi Jonk schonn puer Optrëtter haten, beispillsweis um Festival des migrations, konnten si elo un engem Danz-Concours zu Reims a Frankräich matmaachen an hier d’Talent ënner Beweis stellen.

Leschten Samschden sinn déi Jonk mam Bus ob Reims gefuer an konnten als éischt mol un engem Danz-Workshop matmaachen. Dono, sinn d’Preparatiounen fir den Concours lass gaangen. En Dag mat vill Musek an Danzen ass zu Een gaangen.

Den Dag drop huet dann den eigentlechen Concours stattfonnt. Déi Jonk konnten sech fir den finalen Battle qualifizéieren an koumen um Sonnden-Owend net nëmmen mat engem, mee direkt mat zwee Pokaler zeréck ob Gaasperech. An hirer Kategorie konnten direkt zwee Jonker aus dem Jugendhaus ob déi éischten an zweet Platz kommen.

Den Weekend zu Reims huet déi Jonk ass Grupp zesummegeschweesst an si motivéiert, weider ze trainéieren, fir an Zukunft hier d’Talent méi an méi auszebauen.