A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Visitt beim Radio ARA

14-11-2019

Den leschten Donneschden waren dräi vun den Jonker aus dem Jugendhaus Gaasperech beim Radio ARA zu Besuch. Vill, wossten déi Jonk nach net iwwer den Medium “Radio”, allerdéngs waren si mat vill Virwëtz dobäi.

D’Jugendlecher kruten als éischt Mol den Radio beschriwwen an konnten dono een Bléck an d’Studioen werfen. Dobäi ass et dunn allerdéngs net bliwwen: si konnten dono och selwer probéieren, wei et ass, hannert engem Mikro ze stoen. Et goufen kléng Interviewen gemaach an opgeholl, bei deen si selwer Froen stellen an beäntwerten konnten. Zum Schluss vum Dag konnten si dunn hier kléng Opnamen mat Heem huelen.

D’Visitt huet den Jonken net nëmmen vill Spaass gemaach, mee huet hinnen en Abléck an den Radiosberäich erlaabt. Den Interesse war doropshin esou grouss, dat déi Jonk elo reegelméisseg Workshops am Beräich vum Radio maachen wéilten. Et kann een sech also nach ob eppes gefaast maachen.