A+
A
A-

Maison des Jeunes Bonnevoie – terrarium pour les tortues

20-05-2019

D’Schildkröte „Speedy a Strumpi“ vum Jugendhaus Bouneweg waren elo zwee Joer laang am Haaptsall vum Jugendhaus an hierem schéinen Terrarium déi di Jonk selwer gema hunn. Schildkröte sinn gewues an hunn dementsprechend en neit Doheem gebraucht. Mat den Joeren sinn net nemmen Schildkröte gewues, mee och Responsabilitéit vun den Jonker. Déi Jonk hunn dann am Gaart vum Jugendhaus en naien, méi groussen Terrarium gebaut wou d’Schildkröte méi frai sinn an esou sech der Natur kënnen zu 100 Prozent upassen an am Wanter op ganz natierlecher Art a Wais an hiere Wanterschlof schlüpfe kënnen.