A+
A
A-

Maison des Jeunes Bonnevoie – Projet Jardin

02-03-2020

Endlech ass et rëm souwäit! Natur erwächt lues aus dem Wanterschlof a genausou geet et och dem Gaarden-Grupp bei eis am Jugendhaus. Vill nei Ideen a Gedanke fir di nei “Saison” konnte mir op dësem Owend mateneen deelen: wat hues eis läscht Joer besonnesch gutt gefall (oder geschmaacht ) am Gaart a wei kéinte mer eise Gaart nach méi aluedend fir eis Mënschen an awer och all di aner Liewewiese ronderëm eis gestalten! Sou kenne mir all op ee gelongenen a motivéierenden Owend zréckkucken dee mir mat leckerem saisonalem Geméis aus dem Uewen  (deelweis nach aus eisem Gaart vun 2019) ofgeronnt hunn.