Maison des Jeunes Bonnevoie – MJ Mobile - 10-08-2020

D’Jugendhaus Bouneweg huet eng Réi Aktivitéiten no bausse verlagert. D’Infektiounsgefor ass dobausse manner grouss an ausserdeem verbréngen déi Jonk vun sech aus gär hir Zäit a Parken a Spillplazen. D’Erzéier vum Jugendhaus hunn da Spillmaterial an enger Camionnette gemaach an domadder an de Park Kaltreis gefuer fir verschidden Aktivitéite mat de Jonker duerchzeféieren.