A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Fir en gudde Zweck um Chrëschtmaart

10-12-2019

Am Kader vun enger Rei Aktiounen, déi déi Jugendlecher aus dem Jugendhaus Gaasperech gestart hunn, waren eis Jonker wärend enger Woch um Solidaritéitsmaart an der Stad Lëtzebuerg aktiv.

Verkaf goufen Käerzen, Seefen an Weideres, déi déi Jonk am Jugendhaus wärend Wochen selwer gemaach hunn. D’Suen ginn un d’Fondatioun vum Dr Mukwege, déi sech fir Fraen déi Affer vu Gewalt an Afrika sinn, gespent. Déi ganz Aktioun huet 1100 Euro eran bruecht, wouriwwer déi Jonk extrem stolz waren.

Nächst Joer ginn et mat den Aktiounen wieder, fir den Mee all gesammelt Doen un d’Fondatioun ze ginn.