A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Mäi Sandweiler

24-03-2019

Den Weekend vum 22 bis 24 Mäerz huet Ausstellung „Mäi Sandweiler“ am Zentre Kulturell zu Sandweiler statt fonnt. Besicher konnten Biller vun verschidden Veräiner vun der Gemeng kucken kommen, déi ënnert dem Motto „ sou gesinn ech mäin Duerf“ duergestallt goufen. Jugendhaus huet mat grousser Freed un dëser Ausstellung deel geholl. Eis Jugendlecher hunn aus alen Fotoen, déi eis vun den Santwilre zu Verfügung gestallt goufen, an neien Fotoen, déi eis Jonk selwer schéissen waren, digital Fotomontagen gemaach. Dës waren esou gutt, dass et vun 5 Fotoen der 2 an Ausstellung gepackt hunn. Den Erléis vun den Toillen, déi den Weekend verkaf goufen, geet un asbl Wonschkutsch. Dës engagéieren sech dofir, fir Léit op enger Palliativstatioun hiren leschten Wonsch ze erfëllen.

Eis Jugendlecher hunn iwwert puer Wochen sech mat den Fotoen beschäftegt. Dëst vum Fotoen maachen, iwwert den Austausch mat den Memberen vun Santwilre iwwert Ausgesinn vun Sandweiler ab dem Joer 1945 bis hin zu digitaler Veraarbechtung vun den Fotoen zu engem Bild.