A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Seefekëschtenrennen Biissen

22-09-2019

Dëst Joer war déi éischt Editioun vum Seefekëschtenrennen zu Biissen, organiséiert vum Jugendhaus vun Biissen. Jonker vun eis hunn wärend Wochen un hirer Seefekëscht gebastelt. Si hunn sech selwer missten an Bauen vun enger Seefekëscht eranfannen, Material hunn si och selwer missten eraussichen an hier Seefekëscht zesummebauen. Si hunn sech unhand vun Videoen aus dem Internet Ideen gesammelt an hier eegen Seefekëscht ass dorausser entstanen. Kommunikatioun, Organisatioun, Kreativitéit, Handwierklecht Kënnen, Ausdauer an Teamwork stoungen hei am Virdergrond.

Dunn war den groussen Dag endlech do. Fréi Moies um Sonndeg hunn mir eis op den Wee gemaach fir op Biissen. Vun 09.00-11.00 konnten eis Jonker Stéck testen an een Gefill fir Rennen kréien. An 2 Duerchleef (Riicht an Slalom) an 3 verschidden Kategorien (Junior, Teenie an Senior) konnten si hiert Kënnen ënnert Beweis stellen. Hier ganz Beméiungen sinn schlussendlech belount ginn. An der Kategorie vun Teenie, huet Jugendhaus Sandweiler mat sengem Chauffeur Cédric déi 3. Platz beluecht, an konnt sech ënnert 13 Participanten duerchsetzen. 😊