A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Escape room

05-08-2020

Leschten Samschden ware eis Jonker an en escape room. Dëst ass een Raum, deen no engem bestëmmten Thema ageriicht ass, hei war Thema Bankraub, wou déi Jonk mussen Indicen nogoen fir dann den Schlëssel ze fannen fir erëm eraus ze kommen. Dofir haten si 1 Stonn Zäit.  T’Erausfuerderung war, zesummen ze schaffen an engem Team, ze kommunizéieren, sech op deen aneren anzeloossen an deem seng Ideen unzehuelen an mat anzebannen. Eis Jonker hunn Rätsel an 50 min geléist kritt an haten vill Spaass derbäi. 😊