A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Adventscafé

05-12-2019

Dëst Joer war eis zweet Editioun vun eisem Adventskaffee. Jugendlecher hunn 2 Deeg um Stéck séiss an salzeg Gebäck gebak. Zousätzlech hunn si een virgin Punch gemaach, waarmen Glühwäin ouni Alkohol. Dëst Joer haten mir vill Participatioun vun eisen Jugendlecher. Elteren, Léit vun der Kulturkommissioun an vun der Intergenerationeller Kommissioun souwéi den Schäffen Jean-Paul Roeder hunn den Wee an Jugendhaus fonnt. Dëst huet eis Méiglechkeet ginn fir hinnen Aarbecht vun engem Jugendhaus méi no ze bréngen an en flotten Austausch tëschent 2 Generatiounen huet stattfonnt. Eis Jonker hunn sech dëst Joer sou gutt gescheckt, datt den Kleeschen op Besuch komm ass. 😊