A+
A
A-

Ensemble Gare/Bonnevoie – Repas presque parfait

07-11-2019

Den 7. November 2019 war et nees souwäit, den Service Ensemble Gare/Bonnevoie huet en Repas presque parfait organiséiert bei dem Léit aus dem Quartier Bouneweg & Gare konnten deelhuelen.

Insgesamt waren 10 Léit anwesend an zesummen gouf fir d’Mëttegstonn an enger flotter Ambiance en kulinareschen Repas genoss.

Als Entrée gouf et eng hausgemaachten iranesch Zopp, matbruecht vun enger Iranerin & als Haaptplat gouf et en Safran’s Räisplat mat Poulet an frëschem Geméis aus den Gäert vun Bouneweg.

En groussen Merci geet un den Dominique den eis en flotten Apero servéiert huet. Merci dem Maria wat eis beim Kachen gehollef huet. Merci och dem Naturata vun Bouneweg fir d’Spend vun Liewensmëttel déi den Halbarkeetsdatum iwwerschratt haten, souwéi der Cite Jardinière Bredebesch fir d’Spend vun frëschem Geméis aus den Gäert vun Bouneweg.

Merci och un all den Léit déi anwesend waren an dësen Repas zu engem besonneschen Moment gemaach hunn.

Eisen nächsten Repas presque parfait fënnt den 5 Dezember 2019, vun 19.00-21.00 Auer an Maison des Jeunes Studio-Bonnevoie (31, rue Pierre Krier).

Méi Informatiounen dozou fannt dir ob eiser Websäit: www.projet-ensemble.lu, an eisem Agenda oder bei eisen Interventiounen.