Ensemble Gare/Bonnevoie – Interview Radio ARA - 28-02-2020

Geschter war eisen Service bis an den Radio Studio bei Graffiti – d’Jugendsendungen um Radio ARA laanscht. Fir eis Equipe en richteg spannenden Metten, well mir d’Gelegenheet krutten en Interview opzehuelen. An dessem Interview hunn mir eisen Service erklärt an iwwert eis sozial Initiativen geschwaat. Wann dir also mei zu eisem Service wellt wessen, dann klickt ob dessen Podcast Link: http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2020/02/Repas-presque-parfait-8min-bis-04.03.mp3, an lauschtert bis an eis Sendung eran.