A+
A
A-

Ensemble Gare/Bonnevoie – Bonnevoie en mouvement

28-02-2020

An Zesummenaarbecht mat Studenten vun der Universitéit Lëtzebuerg goufen wärend der Hierschtzäit 2019, ënnerschedlech kleng Projeten entwéckelt, fir d‘Quartieren Bouneweg an Gare op déi verschiddenst Aart an Weisen zur Geltung ze bréngen. Fir dëst ze realiséieren, hunn d’Studenten op deenen verschiddensten Platzen vum Quartier, hirer Kreativitéit fréie Laaft gelooss.

Beim Projet “Bonnevoie en mouvement” handelt et sech bei deenen verschidden Beweegungen, em:  verdeelen vun Kaffi an Kuch, enger waarmer Zopp, bis hin zum geigensaitechen Austausch vun den Passanten. Och koumen dekorativ an kreativ Gestaltungen zum Asatz. Motto an dem Sënn: d’Saachen nei ze erfannen an och anescht ze gesinn!

D’Schüler hunn duerch ënnerschiddlech Arrangementer probéiert den Quartier an deenen verschiddensten Formen duerzestellen. Domat wollten Sie och zum Ausdrock bréngen dass Platzen ënnerschiddlech benotzt kennen ginn. D’Saachen ze hannerfroen an mat den Léit an Kontakt ze kommen waren wichteg Punkten, esou wei eng frëndlech Ambiance mateneen ze fërderen.