A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – BEE Secure

10-01-2020

Am Kader vun eisem Projet „Stay Connected“, haten mir den 10. Januar den Daniel Silva vun BEE SECURE bei eis op Besuch. Preventiounsaarbecht ass eng vun den wichtegen Sailen an der Jugendaarbecht. Dem Personal vum Jugendhaus ass et immens wichteg, datt eis Jonker ëmmer rëm iwwert Geforen, nei Tricken an och Falen opmierksam gemaach ginn. Duerch eisen Youtube Channel, läit et eis um Häerzen, datt eis Jugendlecher doriwwer an Kenntnis gesat ginn, wat beispillsweis mat enger Foto geschitt, wann se op engem Online-Profil geläscht gëtt. Zousätzlech goufen eis Jonker iwwer Fake-Profiler opgekläert, wéi des ëmmer besser ginn an un wat si des erkennen. Et war en ganz flotten Nomëtteg an en interaktiven Workshop, wou eis Jonker vill Froen konnten stellen an hier eegen Beispiller mat eran bréngen konnten.